Zak! brauch dech! 🖐😊
Mir siche Sportler, Trainer, Fräiwëlleger a Basketspiller vun all Alter.
-Du géifs dech gäre sozial engagéieren?
-Du bass Sport-begeeschtert?
-Du bass motivéiert fir en neien Challenge unzegoen (sozial, sportlech, organisatoresch oder anescht)?
-Du hues Loscht nei Kolleege kennen ze léieren, mat an ouni Beanträchtegung, häerzlech a voller éierlecher Frëndschaft?
-Du sichs e Veräin oder eng erfëllend Aktivitéit fir deng Fräizäit?
Wanns du virwëtzeg bass, kanns du gären duerch eis Internetsäit www.zak.lu stöberen.
Mell dech einfach iwwer Facebook, per Mail oder Telefon bei eis oder komm eng Kéier op ee vun eisen Trainingen (Basket 🏀⛹️, Schwammen🏊♂️, ToSoX, Fitness/Koordinatioun) laanscht.
Mir si gäre bereet dir op all Froen ze äntweren.
Mir freeën eis iwwer all neit Gesiicht 😊